Promenade duerch den Pafendall

Dës Promenade hëlt Iech mat an ee vun den interessantsten Quartieren vun der Haaptstad. D’Visite konzentréiert sech net op d’Geschicht oder d’Architektur mee op d’alldeeglecht Liewen vun de Leit an den Associatiounen : Wat mécht den Zesummenhalt vun engem Quartier aus ? Wat maachen d’Awunner an hirer Fräizäit (de Gaart, d’Beie, Dauwen, de Gesang) ?

Woufir engagéiere si sech gären (fräiwëlleg Pompjeeën, Ekologie, sozial Medien, etc…) ? De Pafendall ass een exzellent Beispill fir dat soziaalt Liewen vun dëser Stad an dësem Land ze entdecken.

Jürgen Stoldt
Jürgen Stoldt
Photos © Jürgen Stoldt
  • Thematik:
    Quartiersliewen

  • Ufank vun der Visite:

    Pont du Pfaffenthal (rue du pont)

  • Datum:
    Donneschdeg, 29. Juni vun 18h30 bis 20h00

  • Sproochen:
    DE,FR,LU

  • Kanner zougeloss:
    Jo

  • Persounen mat limitéierter Mobilitéit zougeloss:
    Jo

Ech wëll deelhuelen!

Dësen Tour ass leider schonn komplett.