D’Charta

  • D’Begéinen tëschent dem „Guide“ an de „Visiteure“ fënnt op enger benevoler Basis statt.

  • D’„Guidë“ këmmere sech ëm Gruppe vun ongeféier 6 „Visiteuren“. D’Visiten sinn op en Total vun 10 Persoune limitéiert („Guide“, „Visiteur“ a Personell encadrant inclus).

  • Den Tour gëtt a Respekt virun der Natur, dem Mënsch, der Fauna an der Flora organiséiert. D’Sécherheet an d’Virsiichtsmoossnamen vun all Bedeelegtem steet doniewent un éischter Stell.

  • Et ass wichteg, datt „Guiden” a „Visiteuren” wärend der ganzer Dauer vum Ausfluch oder der Aktivitéit op den ausgeschëlderte Weeër am ëffentlech Bësch bleiwen.

  • Eng Visitt dauert ongeféier 90 Minutten.

  • D’Visitte si gratis, originell an ausgefalen a stinn net a Konkurrenz mat de geféierte Visitten, déi vun den Touristebüroen ugebuede ginn.

  • “GUIDE FOR ONE DAY” fërdert eng géigesäiteg Beräicherung an de kulturellen Austausch tëschent de Participanten.

  • D’Konzept “GUIDE FOR ONE DAY” déngt dem nohaltegen a participativen Tourismus andeems et Mënsch an Ëmwelt respektéiert. Et favoriséiert eng kulturell a wirtschaftlech Beräicherung vun de lokale Communautéiten an dréit zum positiven Image vu Lëtzebuerg als Destinatioun bäi.

  • Mir bieden d’„Guiden” op Auto- a Motostouren ze verzichten fir e méi nohalteg an agreabelt Erliefnis

  • D’Visitte falen ausschliisslech an den Domän vum Privatliewen a ginn duerch d’Haftflichtversécherung vun deene zwou Parteien ofgedeckt. De Wirtschaftsministère – Generaldirektioun Tourismus, souwéi och Luxembourg for Tourism an alleguerten déi regional Tourismusbüroen haften net fir Accidenter, déi eventuell am Laf vun dëse Visitte passéiere kënnen, déi si net superviséieren an un deenen si net bedeelegt sinn.

  • All Participant gëtt säin Accord, datt eventuell Fotoen, déi wärend den Tier vum Projet “GUIDE FOR ONE DAY”, soit vun de Leit oder den Alentouren, gemaach ginn, eventuell kéinte vun der Generaldirektioun Tourismus vum Wirtschaftsministère kéinte benotz ginn, esou wéi vun all Institutioun an Organisatioun, déi um Projet bedeelegt sinn (Luxembourg for Tourism, déi regional Offices de Tourisme, dem Luxembourg City Tourist Office etc.), fir promotionnel Zwecker benotz ginn (wéi zum Beispill a Brochuren, Affichen, Pressecommuniquéeën, Internetsitten oder de soziale Medien etc.) an dëst ouni Dedommagement fir de Participant. Dësen Accord kann zu all Moment zréckgezu ginn.

  • All perséinlech Donnéeën, déi wärend dem Projet erhuewe ginn, gi konform zum “Règlement (UE) 2016/679 relatif à la protection des personnes physiques à l’égard du traitement des données à caractère personnel et à la libre circulation de ces données” (kuerz: RGPD) a konform zum “Droit à l’image” traitéiert.

    Betreffend dem RGPD sinn Är Rechter, d’Recht zur Informatioun, zum Accès, zur Rektifikatioun, zum Läschen, zur Oppositioun an zur Limitatioun.

    Dir hutt d’Méiglechkeet Är Reklamatioun bei dem RGPD-Delegéierte vum Tourismusministère (dpo@eco.etat.lu) oder bei der Commission nationale pour la protection des données, Service des réclamations, 15, Boulevard du Jazz, L-4370 Belvaux, eranzereechen.

Guide ginn

Un enger Visitt deelhuelen