Hutt Dir Loscht aner Leit an aner Kulture kennenzeléieren?

Weist hinnen Äert Lëtzebuerg op Är eegen Aart a Weis!

Da maacht mat bei der siwenter Editioun vu #GuideForOneDay, vum 24. Juni bis den 10. September!

“GUIDE FOR ONE DAY” sicht keng Leit vum Fach, mä benevol Persoune vun allen Altersgruppen, Nationalitéiten a Bildungsniveaue fir Ambassadeure vu Lëtzebuerg ze ginn.

Guide ginn

… wier dat näischt fir Iech?

Dir braucht dofir kee Spezialist an der Geschicht, an der Konscht oder an der Archeologie ze sinn. Natierlech maachen dobäi Äre Sënn fir Gaaschtfrëndlechkeet an eng gutt Kenntnis vu Lëtzebuerg den Ënnerscheed. Dir sollt awer virun allem duerch d’Loscht, Är Léift fir Äert Land mat anere Leit ze deelen, motivéiert sinn.

Mir soen Iech elo schonn Merci fir Ären Interessi an Äert Engagement am Kader vun dëser Aktioun, déi drop ziilt, d’Integratioun vun all deene Leit ze erliichteren, déi grad derbäi sinn, eist Land fir sech ze entdecken.

D’Umeldungen als Guide si bis de 2. Juni op.