D’Konzept

D’Initiative #GuideForOneDay erméiglecht, dass Léit anere Matbierger hirt ganzt perséinlecht Stéck Lëtzebuerg weisen: dat kann d’Visit vun enger net esou bekannter Plaz sinn, en eemolegen Trëppeltour, en ongewéinlechen Hobby oder esou munch aner Iwwerraschungen.

Dëse Projet bréngt Gemeinschaften zesummen, déi sech am Alldag éischter seele begéinen.

D’”Guidë” sinn onofhängeg vun den Touristebüroen, a sollen hinnen och op kee Fall Konkurrenz maachen. Si handelen aus Gaaschtfrëndlechkeet a Begeeschterung fir hir Heemecht andeems si sech bereet erklären, an hirer Fräizäit Visiteure benevole op Plazen ze begleeden, déi hinne selwer um Häerz leien an anere Leit op déi Aart a Weis originell a ganz personaliséiert Visitten unzebidden.

Guide fir een Dag ass eng Initative am Kader vun der Campagne „Lëtzebuerg, dat ass Vakanz!“. Weider Informatiounen op letzebuergvakanz.lu.

Guide ginn

Un enger Visitt deelhuelen