Féierung duerch d’Lëtzebuerger Haaptstad ”Underground”
Ech proposéieren eng Féierung duerch d’Stad bei där mir e puer vun den ongewéinlechste Platze vun eiser Haaptstad entdecke wäerten. Ech weisen Iech ausgefale Platzen déi een sou net op enger normaler Visite ze gesi kritt. Mäin Tour weist Iech, zum Beispill: déi bossegste Vitrinn, déi eelste Mauer, déi ausgefalenste Fassad, Fassaden am ”art nouveau” Stil, déi komeschste Fontaine, déi verschidde Skulpturen an der Stad an déi richteg Aart a Weis fir Fotoen dovunner ze maachen, déi schéinste Vue’en an der Stad, d’Fontaine Michel Rodange an de ”Renert”, d’Luuchten virum Palais, de Pont Adolphe a seng Geschicht, déi éischt Gebaier vun der CEE, den eelste Bam an der Stad, déi mysteriéiste Strooss, déi klengste Strooss, etc…
Ech wëll deelhuelen!

Dësen Tour ass leider schonn komplett.