Eng Promenade duerch de Wéngert (Fels)

Eng Promenade duerch de Wéngert (Fels) ronderëm déi kleng Stad Gréiwemaacher. Ënnerwee, Informatiounen iwwert déi bescheiden Ufäng vun der Kreatioun vum ”Crémant”, Beschreiwunge vun der ”Méthode Traditionelle” fir ”Crémant” ze produzéieren a wéi, wou a mat wat ”Crémant” gedronk gëtt. Ausserdeem hu mir d’Méiglechkeet eng vun deenen eelste Kellereien zu Lëtzebuerg ze besichtegen, de ”Château Bernard Massard” Keller. Mir kréien och eng Coupe ”Crémant” fir ze schmaachen offréiert. Visiteure si wëllkomm um Parking vu Bernard Massard ze parken. (22, route du Vin, L-6794, Gréiwemaacher)

Geers-Faderin Eyitayo
Geers-Faderin Eyitayo
Photos © Geers-Faderin Eyitayo
  • Thematik:
    Natur / Landschaften

  • Départ Tour:
    Parking de Bernard Massard. (22, route du Vin, L-6794, Grevenmacher)

  • Datum:
    Sonndeg, 9 Juli vun 13h00 bis 15h00

  • Sproochen:
    FR, EN
  • Kanner zougeloss:
    Jo

  • Persounen mat limitéierter Mobilitéit zougeloss:
    Nee

Ech wëll deelhuelen!

Dësen Tour ass leider schonn komplett.