Patrick Wilhelmy
21 Joer am Handwierk an 20 Joer als Beamte geschafft.  Papp vun engem Bouf. Fräizäit: Dréckereimusée, Liesen, Fitness, Musik, de Gaart, Sproochecours, kleng Aarbechten & geleeëntlech Reesen.

Fänkt un an 13 Deeg, 22 Stonnen

August 10, 2024 09:30 - 11:30

Arrêt de tram “SCILLAS”

rue des scillas L-2529 Howald

621 759 351

August 10, 2024 : 0 Participants

  • Limitt (Leit)

    10

  • Depart

    Tram Statioun: SCILLAS

  • Dauer vum Tour (Minutten)

    120 min

  • Kannergerecht

  • Visitten méiglech fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit

  • Poussette

Den Tour fänkt un bei der ganz neier TRAM Statioun SCILLAS. Da geet et vum Houwald an de Ban de Gasperich. De Wee geet laanscht den CNIS Pompjeeën, d’rue de la Francophonie, de Lycée Vauban an vun do an den NEIE PARK vun Gaasperech. CLOCHE d’OR Weierbach, Drosbach, vun der rue Charles Darwin bis bei de Waassertuerm, Stadion oder Kockelscheier. (Jee no Loscht a Météo). De Retour ass mam Tram oder Bus.

Den Tour ass op Lëtzebuergesch. Bei Bedarf gëtt e Resumé op Englesch, Däitsch oder Franséisch gemaach.

Et ass geroden, gutt a bequeem Schong unzedoen a bei grousser Hëtzt, eng kléng Fläsch Waasser matzebréngen.