Claude Hermes
Gebueren a grouss ginn am Minette. Eng Géigend déi mech schonn's als Kand faszinéiert huet. Ech hat d'Chance nach den Ofbau vun eisem Eisenäerz, wann och nëmmen de Schluss, mat ze erliewen. Haut ass et roueg ginn am Minette. D'Mineuren ginn net méi an Galerien eran an d'Héichiewen, Kathedralen aus dem Süden, si scho laang aus. Eng Kultur, eng Geschicht ass op een Enn gaangen. Fir dass des Zäit mat all senge Geschichten an Anekdoten net an de Vergiess geroden, deelen ech déi gäre mat anere Leit.

Fänkt un an 8 Deeg, 13 Stonnen

Juli 6, 2024 09:00 - 12:00

Juli 30, 2024 09:00 - 12:00

September 7, 2024 09:00 - 12:00

Rëmeleng um Parking vum Musée National des Mines de Fer

Parking vum Musée National des Mines de Fer

+352 661 93 93 40

Juli 6, 2024 : 0 Participants

Juli 30, 2024 : 1 Participants

September 7, 2024 : 0 Participants

  • Limitt (Leit)

    10

  • Depart

    Parking vum Musée National des Mines de Fer (Rumelange, 1 rue des Mines)

  • Dauer vum Tour (Minutten)

    180

  • Kannergerecht

  • Visitten méiglech fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit

  • Poussette

Duerch den Ofbau vun eisem Eisenäerz, der Minette, ass Rëmeleng vum Duerf zur Stad ginn.

Nei Haiser, Stroossen a Siidlunge sinn am Laf vun der Zäit entstanen.

Op dësem Tuer duerch a ronderëm Rëmeleng kucke mir zesummen ewéi sech Rëmeleng am Laf vun der Zäit entwéckelt a verännert huet.

Och grouss Perséinlechkeeten sinn aus dëser Stad ervir gaangen.

Haut erënneren verschidden Denkmäler eis un si.

Den Tuer huet +- 5 km an ass gutt ze goen a mir huelen eis dofir +- 3 Stonnen Zäit.

Dat Ganzt mat ville Geschichten an Anekdoten.

Départ an Arrivée sinn zu Rëmeleng um Parking vum Musée National des Mines de Fer.

Op dësem Tuer schwätze mir lëtzebuergesch.