Wanderung duerch Meechtem

D’Wanderung féiert Participanten duerch d’Uertschaft Meechtem mat senge moleresche Wënzerhaiser aus der Zäit virum éischte Weltkrich. Hei befënnt sech dat sougenannte ”Rieteschkräiz” aus dem Joer 1624, ee fréiert Kräiz dat an d’Säitemauer vun enger Kapell agebaut gouf. De Wee féiert weider iwwert d’Wäibierger, vu wou aus ee schon Dolomitifielse vu Nëttel (ca. 60 Millioune Joer) ka gesinn. Ënnerwee begéine mir e puer Informatiounstafelen, déi d’Geologie an dat fréiert Landschaftsbild vun dëser Ëmgéigend weisen. Duerno erreeche mir den Aussiichtspunkt um ”Haangeberreg” deen den Héichpunkt vun dëser Wanderung duerstellt. Genéisst eng vun deenen am meeschte fotograféierten Aussiichten op de Museldall mat den Uertschafte Meechtem, Nëttel (D), Gréiwemaacher, Wellen (D) an nach anerer. De Lëtzebuergeschen Dichter Batty Weber huet geschriwwen: ”… do, wou d’Landschaft eng gewëssen Unzéiungskraaft ausléist, déi sech mat näicht vergläiche léist.” Uschléissend féiert d’Wanderung zeréck an Duerf bei den Ausgangspunkt.

Hengel Henri
Hengel Henri
Photos © Carlo Rinnen | © Hengel Henri
  • Thematik:
    Patrimoine / Geschicht
  • Départ Tour:
    20, rue de l’Eglise près du panneau touristique à 50 m de l’église de Machtum

  • Datum:
    Freideg, 7. Juli vun 15h00 bis 17h00
    Samschdeg, 8. Juli vun 09h30 bis 11h30

  • Sproochen:
    LU, DE, FR
  • Kanner zougeloss:
    Jo

  • Persounen mat limitéierter Mobilitéit zougeloss:
    Nee

Ech wëll deelhuelen!

Dësen Tour ass leider schonn komplett.