Wanderen am Mëllerdall/ Regioun Konsdrëf

Wanderen am Mëllerdall/ Regioun Konsdref, mat Visitte vun der Kuelscheier an dem Schéissendëmpel. D’Kuelscheier ass eng spektakulär Höhl direkt um ”Mullerthal Trail 2”. Wanderer mussen sech fir d’éischt a komplett Donkelheet beginn (oder eng Täscheluucht matbréngen) ier se hire Wee eraus fanne mussen. Mir wäerten och aner Heelen, Aussiichtspunkter an Fielsen an der Ëmgéigend entdecken an eppes iwwert d’Entstehung vun dëser fantastescher Landschaft léieren. Dono fuere mir mam Minivan bei déi bekanntsten an am meeschte fotograféierte Platz am Mëllerdall: de Schéissendëmpel – ee klenge mee wonnerschéine Waasserfall mat enger märchenhafter Bréck. Mir treffen eis um Parking ”Consdorf Millen”, direkt viru Konsdrëf op der Stréck a Richtung Chrëschtnech. Den Terrain ass hiwweleg: gutt Wanderschong recommandéiert. Kanner sinn emmer begeeschtert vun der Kuelscheier, mee op verschiddene Platze muss een oppassen. Recommandéierten Alter: vu 5 Joer un.

Orr Jonny
Orr Jonny
Photos © Orr Jonny
  • Thematik:
    Natur / Landschaften

  • Départ Tour:

    Parking à ”Constrëfermillen”, (1km de Consdorf, direction Christnach/Larochette) Voir le plan: http://g-o.lu/3/XWxE

  • Datum:
    Sonndeg, 2 Juli um 15h00
    Sonndeg, 9 Juli um 15h00

  • Sproochen:
    EN

  • Kanner zougeloss:
    Jo

  • Persounen mat limitéierter Mobilitéit zougeloss:
    Nee

Ech wëll deelhuelen!

Dësen Tour ass leider schonn komplett.