Mountainbike Tour ronderëm d’Haaptstad

Ech proposéieren ee Mountainbike Tour ronderëm d’Stad, mat souwuel Vëloswee ewéi och Weeër duerch de Bësch. Mir treffen eis virum Pidal zu Walfer a fueren dann op der Vëlospiste PC 15 bis op Heeschdrëf. Dann geet et biergop Richtung Steesel – Bamschoul Becker an duerno duerch de Bësch bis op de Bridel. Do fuere mir da kuerz op da Strooss bis bei d’Kräizung ”Bierger Kräiz”. Entrée a Circuit duerch de Bambësch bis bei d’Juegdschlass. Vun do aus geet et dann nees duerch de Bësch Richtung Beggen. Arrivée entweder op da Gare zu Walfer, beim Pidal oder an der Stadt (mam Lift).

Damster Xavier
Damster Xavier
Photos © Damster Xavier
  • Thematik:
    Natur / Landschaften

  • Départ Tour:
    Virum Pidal (Walferdange), www.pidal.lu

  • Datum:
    Méindeg, 26 Juni um 9h00
    Denschteg, 27 Juni um 9h00
  • Sproochen:
    FR, EN

  • Kanner zougeloss:
    Jo

  • Persounen mat limitéierter Mobilitéit zougeloss:
    Jo

Ech wëll deelhuelen!

Dësen Tour ass leider schonn komplett.