Féierung duerch d’Lëtzebuerger Haaptstad
Ech proposéiren eng Stadféierung: Depart ass virun der POST um Aldrenger. Nodeems mir duerch d’Stad gaange sinn, maache mir eis dono erof an de Pafendall, iert mir zeréck erop Richtung Kierchbierg ginn. Uschléissend gi mir erof a Clausen an dono laanscht d’Uelzecht erëm erop Richtung Stadzentrum. Do besichtege mir dann nach ”la Corniche” ier mir zeréck bei d’POST ginn. Kanner sinn ab engem Alter vun 8-10 Joer zougelooss, mee keng Poussetten, well sech op der Streck Montée’en, Descenten an Trape befannen.
Ech wëll deelhuelen!
Dësen Tour ass leider schonn komplett.