Jang Birsens
Zenter 1980 sammelen ech mat grousser Leidenschaft Matchbox Autoen. Mee ee Gléck ass och meng Fra vun der Sammelleidenschaft gepaakt ginn, an huet iwwert d’Joren eng Panoplie vu Verpackungskonscht zesumme gedroen.

Fänkt un an 21 Deeg, 10 Stonnen

Juli 12, 2025 11:00 - 16:00

Matchbox Musée

5, Enneschtduerf, L-6560 Hinkel

+352 621 181 105

Juli 12, 2025 : 2 Participants

  • Limitt (Leit)

    9

  • Sproch(en) vum Tuer

    Français, English, Deutsch, Lëtzebuergesch

  • Startpunkt

    5, Enneschtduerf, L-6560 Hinkel

  • Dauer vum Tuer (Den Tuer soll +- 90 Minutten daueren)

    60

  • Kannergerecht

  • Visitte méiglech fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit

  • Poussette

Kommt an entdeckt dee gréisste Modellmusée a ganz Europa, mat mëttlerweil iwwer 25.500 Matchbox Autoen.

Vu Matchbox Autoe vun 1947 bis haut, iwwert d’Verpackungskonscht vun 1880-1970, sou wéi Schlumpfen a Barbien. All dëst kennt Dir bei eis entdecken.

Fir Sammler, Passionéierter, an déi, déi et wëlle ginn!

De Musée ass schwéier zougänglech – vill Trapen, a kee Gelänner an den Trapenhaiser, dofir:

  • ass de Musée fir Kanner ënner 14 Joer net gëeegent;
  • w.e.g. keng Täschen/Rucksäck matbréngen;
  • mussen Muppen a Mippercher och leider dobausse bleiwen;
  • ass de Musée ass och leider net Rollstull gëeegent.

This visit can be held in English, French, German or Luxembourgish.

Dës Visitt kann op Englësch, Franséich, Däitsch oder Lëtzebuergesch gehale ginn.

Diese Tour kann auf Englisch, Französisch, Deutsch oder Luxemburgisch abgehalten werden.

Cette visite peut être tenue en anglais, en français, en allemand ou en luxembourgeois.