Cédric Reichel
Cédric Reichel, Mënscherechts- an Ëmweltaktivist, Mediateur vu Formatioun a Freelancer bei Radio 100,7. Fir ACAT Luxembourg responsabel fir de Projet "Topographie des droits humains" deen d'Basis liwwert fir dëse Projet.

Fänkt un an 1 Mount, 5 Deeg

Juli 26, 2025 10:00

Abbaye Neimënster Cour intérieur

Abbaye Neimënster Cour intérieur

691 662 158

Juli 26, 2025 : 5 Participants

  • Limitt (Leit)

    14

  • Sproch(en) vum Tuer

    Lëtzebuergesch

  • Startpunkt

    Centre Culturel de Rencontre Abbaye de Neumünster, 28 Rue Münster, 2160 Grund Luxembourg

  • Dauer vum Tuer (Den Tuer soll +- 90 Minutten daueren)

    120

  • Kannergerecht

  • Visitte méiglech fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit

  • Poussette

D’Topographie vun de Mënscherechter ass kee klassesche Sightseeing-Tour vun der Stad Lëtzebuerg, mä konzentréiert sech op Plazen, déi entweder Zeie vu Mënscherechtsverletzunge sinn oder hir Duerchsetzung an hire Schutz symboliséieren.

Am Mëttelpunkt läit d’Entwécklung vum Lëtzebuerger Vollek zu enger oppener, demokratescher an diversifizéierter Gesellschaft, där hir Wäerter hir fest Wuerzelen an der UNO-Mënscherechtserklärung hunn. Gläichzäiteg soll kloer gemaach ginn, datt d’Gesellschaft duerch intern an extern Aflëss konstante Verännerungen ënnerläit an dofir fragil a gefäerdet ass.

D’Zil vun dësem Wee ass de Besicher ze weisen, datt Demokratie a Respekt vun de Mënscherechter och a moderne Staaten net selbstverständlech kënne geholl ginn an datt et wichteg ass, opmierksam ze bleiwen a negativen Tendenzen direkt entgéint ze steieren, ier se d’Gesellschaft eeschtlech a Gefor bréngen.