Startsait 2019-04-10T11:43:40+00:00

D’KONZEPT

#GuideForOneDay bitt Leit, déi sech viru kuerzem zu Lëtzebuerg niddergelooss hunn esou wéi all Interesséierten originell a virun allem authentesch Visitten un.

D’„Guiden“ handelen aus Gaaschtfrëndlechkeet a Begeeschterung fir hir Heemecht andeems se sech bereet erklären, an hirer Fräizäit „Visiteure“ benevole op Plazen ze begleeden, déi hinne selwer um Häerz leien an de Leit op déi Manéier originell a ganz personaliséiert Visitten unzebidden.

De Projet bréngt Leit zesummen, déi sech normalerweis am Alldag net begéinen. #GuideForOneDay encouragéiert also Mënschen, anere Matbierger hiert perséinlecht Stéck Lëtzebuerg ze weisen an esou mat hinnen hier Begeeschterung fir schéi Plazen, interessant Hobbyen oder kulturell Leidenschaften ze deelen.

No dem groussen Erfolleg vun den zwou leschten Editiounen, fënnt dëse Summer, vum 29. Juni bis de 15. September eng drëtt Ausgab statt.

ECH WËLL GUIDE GINN
ECH WËLL UN ENGER VISITE DEELHUELEN

GUIDE FOR ONE DAY

#GuideForOneDay

vum 29. Juni bis den 15. September 2019

DÉI UGEBUEDE VISITEN

D’Umeldungen als Visiteur sinn ab dem 18. Juni op a si bis zwee Deeg virun engem Tour méiglech.

Dir gesitt hei elo just déi Tier, déi op Lëtzebuergescher Sprooch ausgefouert ginn. Alleguerten déi aner Tier fannt Dir, andeems Dir d’Sprooch wiesselt.

Show tours from all languages
Tour possible for people with reduced mobility
Children admitted?
  • Hauptstadt früher und heute

    May 25, 2019May 26, 2019Juni 1, 2019Juni 8, 2019Juli 20, 2019August 10, 2019