Visite duerch de Quartier Bireng a Baltzeng

“D’Visite vun den ehemolegen Dierfer Bireng a Baltzeng (haut Quartiere vun der Stad Diddeleng) geschitt virun engem geschichtlechen Hannergrond: dem Massaker vm 17. Mee 1794, wou et zu Bireng zu engem bluddegen Scharmützel tëscht de lokale Baueren an Awunner vun den Dierfer vun der deemoleger Seigneurie Mont Saint Jean (Diddeleng, Bireng, Baltzeng, Butschebuerg) an de franséische Revolutiounstruppe koum. Heibäi hunn 74 lokal Awunner den Doud fonnt, dovun 42, déi op der Plaz selwer (do wou haut d’Kräiz steet, dat 1894 opgeriicht gouf) exekutéiert goufen. (Déi Evenementer sinn effektiv 1846 vum J.-B. Wolff, member vun der Soc. pour la recherche et conserv. des documnets hist. au Gr.-D. dokumentéiert ginn)

D’Visite soll awer während engem Spadséiergang och d’Bild vun engem Duerf an der Entwécklung vun der Zäit bis zum haitegen Dag weisen, mat all den Zwäng, deenen eng Lokalitéit am industrialiséierte Süde vu Lëtzebuerg ënnerworf ginn ass. D’Visite soll och en Androck vun dem Patchwork u Landschaft vermëttelen, zu dem sech den haitege Süde vu Lëtzebuerg entwéckelt huet: Bëscher, Wisen a Felder, mat z.D. idyllesche Wunnquartieren an direkter Noperschaft zu Industrien, Gewerbegebidder a Verkéiersinfrastruktur.”

Müller Jean-Jacques
Müller Jean-Jacques
Photos © Müller Jean-Jacques
  • Thematik:
    Natur / Landschaften
    Fräizäit / Sport
    Quartiersliewen

  • Départ Tour:
    Kiermesplaz beim alen rouden Trakter (Bireng/ Diddeleng)

  • Datum:
    Donneschdeg, 29. Juni vun 18h00 bis 20h00
    Sonndeg, 2. Juli vun 15h00 bis 17h00
  • Sproochen:
    LU, DE, FR, EN

  • Kanner zougeloss:
    Jo

  • Persounen mat limitéierter Mobilitéit zougeloss:
    Nee

Ech wëll deelhuelen!

Dësen Tour ass leider schonn komplett.