Spadséiergang duerch déi städtesch Landschaft vun eiser Haaptstad

Den Tour betount d’Entwécklung vun der Haaptstad am Laf vun de Joren, charakteriséiert duerch 4 Staddeeler siichtbar vun der Alstad aus. Dës 4 Deeler, déi oft op Postkaarten erëm ze fanne sinn, zeechnen sech alleguer aus duerch eng Bréck, een Tour-Element an ee Quartier: d’Schlassbréck mam Bockfiels an der Alstad, de Viaduc mat der Gare an dem Garer Quartier, de Pont Adolphe mat der ”Avenue de la Liberté” an dem ”Plateau Bourbon”, déi Rout Bréck mat der ”Avenue Grande-Duchesse Charlotte” an dem ”Plateau de Kirchberg”. D’Iddi ass Unhaltspunkten a Raum an Zäit ze gin, vun enger Stad an där een sech liicht verléiere kann tëschent dem Plateau an dem Dall, an d’Konfrontatioun tëschent Natur a Stad ze entdecken.

Vun deene 4 Deeler aus: wonnerschéin Aussiichten, Spadséierweeër fir sech ze verléieren oder ze fannen, uewen esou gutt ewéi ënnen… an ënnerwee d’Méiglechkeet eis Andréck mateneen ze deelen.

Van Driessche Isabelle
Van Driessche Isabelle
Photos © red | © Van Driessche Isabelle
  • Thematik:
    Natur / Landschaften

  • Départ Tour:
    Devant l’entrée de l’église Saint Michel, rue Sigefroi au Bock (vieille ville)allen

  • Datum:
    Méindeg, 3. Juli vun 17h00 bis 19h00
    Mëttwoch, 5. Juli vun 14h00 bis 16h00

  • Sproochen:
    LU, DE, FR
  • Kanner zougeloss:
    Jo

  • Persounen mat limitéierter Mobilitéit zougeloss:
    Nee

Ech wëll deelhuelen!

Dësen Tour ass leider schonn komplett.