De flotten an interessanten Plateau vun der Rumm

Meng Visite fänkt mat der Denselpuert (Jakobstuerm) un wou mir e klenge Film kucke ginn, dann trëppele mer duerch de Gruef virun der Wentzelsmauer, ginn duerch d’Galerie bis op den “Ravelin Vauban” mat senger wonnerbarer Vue ob eis Stad an ob de Fort Obergrünewald an 3 Eechelen. Uschléissend stinn d’Vaubans Kasären um Programme. Weider geet et bis ob d’Iwwerreschter vun der spuenescher “Redoute de la Ramme”, mat der super Aussiicht ob d’Cité Judiciaire wou fréier d’Zitadell stoung. Den Tour geet weider laanscht den Bomme séchere Pëtz iwwert de Wehrgang vun der Wentzelsmauer wou mir dann och nach d’Gronnschléis kucke ginn. Weider geet et laanscht dem Loofy sengem Haus wou nach e flott restauréiert Fachwierkhaus steet a wou et interessant Geschichte betreffend déi al Beruffer z’erziele gëtt. Schluss vun der Visite ass ob der “Icinaki” Platz.

Schaul Patrick
Schaul Patrick
Photos © Schaul Patrick
  • Thematik:
    Patrimoine / Geschicht
  • Départ Tour:

    Tour Jacob (“Denselpuert” ou l’ancienne Porte de Trêves) Op der Rhum; 1, plateau du Rham; L-2427 Luxembourg

  • Datum:
    Samschdeg, 8. Juli vun 10h00 bis 12h00
    Sonndeg, 9. Juli vun 10h00 bis 12h00
  • Sproochen:
    LU, DE, FR, EN
  • Kanner zougeloss:
    Jo

  • Persounen mat limitéierter Mobilitéit zougeloss:
    Nee

Ech wëll deelhuelen!

Dësen Tour ass leider schonn komplett.