9 Kilometer Wandertour duerch Ahn’s Palmberg a Picknick mat enger wonnerbarer Vue

‘Wanderen ass meng Passioun. A Wanderen duerch Lëtzebuerg ass sou opreegend fir mech, well een sou vill verschidde Landschaften an Aussiichten an enger eenzeger Regioun vu Lëtzebuerg huet. Während dëser Aktivitéit géif ech iech gär mäin Liiblings-Wënzerduerf op der Lëtzebuergescher Musel weisen. Loosst eis mat enger Wanderung vun 9 Kilometer iwwert de Wäin- an Naturpad Palmberg-Ahn ufänken, wou mir da bei engem Picknick déi eemoleg Vue genéisse kennen. A wann Dir Loscht hutt kenne mir duerno ee klenge Spadséiergang duerch dat pittoreskt Duerf, mat senge ville Wënzer maachen. Vergiesst net Äre Picknick, ee klenge Rucksak a gutt Schong matzebréngen!”

Backendorf Martine
Backendorf Martine
Photos © Backendorf Martine
  • Thematik:
    Natur / Landschaften

  • Départ Tour:
    Rue de la résistance / Rue Aly Duhr à Ahn

  • Datum:
    Dënschdeg, 4 Juli vun 10h30 bis 13h30

  • Sproochen:
    LU, DE, FR, EN
  • Kanner zougeloss:
    Nee

  • Persounen mat limitéierter Mobilitéit zougeloss:
    Nee

Ech wëll deelhuelen!

Dësen Tour ass leider schonn komplett.